Vum Zoltan Kodaly héiert een haut virun allem seng "Hary Janos Suite" an "Dances of Galanta". De Kodaly gëtt allerdéngs grad esouvill fir seng pedagogesch Aktivitéiten a seng Fuerschungsaarbechte ronderëm déi ungaresch Volleksmusek geschätzt. Wie sech mat Solfège beschäftegt huet, huet op d'mannst de Begrëff Kodaly-Method schonn eng Kéier héieren.
arrow_back_ios