arrow_back_ios
CD-Klassik
Flüttist a Kompositiounsschüler vum Antonin Reicha
An enger Zäit, wou de Grand Opéra d'Affiche dominéiert huet, war et a Frankräich net einfach, sech mat Kammermusek duerchzesetzen, besonnesch wann een an der Metropol Paräis gelieft a gewierkt huet. De Flüttist Eugène Walckiers huet sech deemno drop konzentréiert, beléift Operemelodië fir säin Instrument ze adaptéieren. Nieft de ville Wierker fir d'Flütt huet den Eugène Walckiers awer och véier Sträichquintetter komponéiert. Zwee dervunner huet de Fabergé-Quintett elo opgeholl.