Panorama
Panorama
D'Omikron breet sech weider aus. Holland ass zanter gëschter nees an engem Lockdown. Déi däitsch Regierung wëllt muer iwwer eventuell Mesurë beroden, de Gesondheetsminister huet awer e Lockdown iwwer d'Feierdeeg ausgeschloss
Op de Philippinnen ass de Bilan vum Taifun Rai däitlech geklommen, op d'mannst 208 Leit koumen ëm d'Liewen
Ee fënnefte Corona-Impfstoff kéint haut an der EU zougelooss ginn: Déi europäesch Medikamenten-Agence soll hir Decisioun iwwer Novavax bekannt ginn
Politesche Wiessel a Chile: de Gabriel Boric gëtt neie chileenesche President. Dee politesch lénks orientéierte Kandidat huet am zweeten Tour gewonnen, hien huet déifgräifend sozial an ekonomesch Reforme versprach
Hongkong: Historesch niddreg Wielerparticipatioun (ronn 30 Prozent) bei der Wal vum neie legislative Conseil