CD-Klassik
Déi polnesch Komponisten
Wa mer aus Däitschland musikalesch a Richtung Oste reesen, iwwersprange mer Polen a landen direkt a Russland. Polen huet awer am 19. wéi och am 20. Joerhonnert eng Partie exzellent Komponisten.
De Karol Szymanovsky, Igancy Jan Paderewski oder de Witold Lutoslawski si just e puer aus enger laanger Lëscht vu Kënschtler, déi bei eis leider net dacks genuch op de Programm kommen.
De Witold Lutoslawski Plock Symphony Orchestra huet beim Label DUX e klenge Florilège vu Kompositiounen op Disk verëffentlecht, déi eis e gudden Abléck an 150 Joer polnesch Musek bitt.
De Manuel Ribeiro huet den Disk gelauschtert.