arrow_back_ios
CD-Klassik
Déi lescht Quartetter vum Schubert
Um Album "Schubert - The Last Quartets" widmet den israeelesche Kammermuseksensembel Aviv Quartet sech den zwee leschte Sträichquartetter vum Franz Schubert. Bekannt ass virun allem nieft der Nummer 15 dee 14. Quartett mam Titel "Der Tod und das Mädchen". Béid Wierker sinn entstanen an enger Zäit, déi fir de Komponist vu Péng a Krankheet gepräägt war.
De Robin Marx huet den Disk gelauschtert.