arrow_back_ios
CD-Klassik
Vu Ravel bis Caplet
Niewent Klassiker wéi dem Maurice Ravel sengem "Jeux d'eau" oder dem Claude Debussy senger "Danse sacrée et profane" interpretéiert d'Anne-Sophie Bertrand op hirem neien Disk och méi onbekannte Wierker. Um Programm stinn ënner anerem dem E.T.A. Hoffmann säi Quintett fir Harf a Sträichquartett oder dem Anderé Caplet seng "Divertissements". Begleet gëtt d'Harfenistin op dëser Sortie vum Ensemble Ondine.
De Remy Franck huet an den Disk mam Titel "Jeux de Création" eragelauschtert.