CD-Klassik
Transkriptioune vum Bach
Den Album "Bach - Clavier-Uebungen II, Chaconne" vun der japanesch-amerikanescher Cembalistin Aya Hamada setzt sech mat de Rolle vun der Transkriptioun an Improvisatioun am kompositoresche Schafe vum Johann Sebastian Bach ausernee. Béid Praktiken hunn zu Bachs Zäiten zum gebräichlechen Handwierk gehéiert. D'Interpretin huet fir hiren Album véier Wierker erausgewielt, déi mat dëse Praktiken ze dinn hunn.
De Robin Marx huet den Album gelauschtert.