arrow_back_ios
CD-Klassik
Debussy an Nott
1902 feiert de Claude Debussy d'Uropféierung vu senger Oper "Pelléas et Mélisande" an der Opéra-Comique zu Paräis. An dësem Drame lyrique verschafft de Komponist den Text mam selwechten Titel vum Maurice Maeterlinck an dräi Akten. Dëst Wierk vu ronn dräi Stonnen huet de Jonathan Nott elo an eng Suite vu ronn 47 Minutten ëmgewandelt a mam Orchestre de la Suisse Romande opgeholl, an dem Arnold Schönberg senger "Pelléas et Melisande"-Kompositioun géintiwwergestallt.
De Remy Franck huet an dës nei Sortie eragelauschtert.