Klassik aktuell
Reflections
5 min
Et ass eng éischter ongewinnte Kombinatioun, déi de Pianist Romain Nosbaum op sengem neien Album proposéiert. Wierker vu Johann Sebastian Bach mëscht hie mat Kompositioune vu Maurice Ravel an John Cage. Dat sinn dräi Komponisten aus dräi verschiddene Länner an Epochen. Wat ass d'Iddi hanner dësem Disk mam Titel "Reflections"? Ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Romain Nosbaum geschwat.