Panorama
Panorama
12 min
Wéinst technesche Problemer am Impfzenter an der Victor Hugo-Hal um Lampertsbierg gouf deen elo provisoresch an d'Foireshalen op de Kierchbierg verluecht
Haut fänken d'Schoulen no der Chrëschtvakanz nees un. Schüler a Proffe mussen de Mask och nees am Klassesall unhalen
D'ALIA soll nei Aufgabe kréien: Ënner anerem soll déi onofhängeg Medienautoritéit iwwerwaachen, datt d'Berichterstattung vun RTL Radio an Tëlee grad wéi vum radio 100,7 wärend de Walcampagnen equilibréiert ass
Am Sudan ass deen ziville Premier Abdalla Hamdok zeréckgetrueden. Hie sot, hien hätt et net fäerdeg bruecht, e Konsens tëschent de militäreschen an ziville Kräften an der Iwwergangsregierung ze fannen
Zu Hongkong mécht eng weider regierungskritesch Noriichte-Plattform zou. D'Online Publikatioun "Citizen News" huet erkläert, d'Sécherheet vun hire Mataarbechter wier net méi garantéiert, si géif muer zoumaachen