CD-Klassik
Entre Ombre et Lumière
Den Antonio Vivaldi gehéiert zu de méi populäre Komponisten aus der Museksgeschicht. Allerdéngs bezitt sech dës Bekanntheet generell op just e puer eenzel Wierker, wéi zum Beispill seng véier Joreszäiten. Wärend déi hell beliicht sinn, si vill vu senge Wierker an der Däischtert. Ënner dem Titel "Vivaldi, entre Ombre & Lumière" proposéieren den Ensemble Baroque de Toulouse an d'Mezzo-Sopranistin Caroline Champy Tursun méi onbekannt Wierker vum Komponist, respektiv Wierker, déi laang am Vergiess waren.
Dësen Album ass trotz verschiddene Bémole wierklech gelongen, mengt de Luc Boentges.