arrow_back_ios
CD-Klassik
Chaplin spillt Chopin
Schonn als Pianosschüler huet hien dem Frédéric Chopin seng Walze kennegeléiert. Och spéider am Studium a bei senge Concerten als Solo-Pianist hu se ëmmer erëm eng Roll gespillt, esou datt de François Chaplin schlussendlech decidéiert se alleguerten opzehuelen. Den Ofschloss vun dësem Projet ass en Disk, deen de Pianist beim Label Aparé publizéiert huet.
De Luc Boentges huet an dës fuschnei Sortie eragelauschtert.