arrow_back_ios
CD-Klassik
Yokuwela
Klassesch Musek aus Afrika - do spaant een natierlech ganz besonnesch d'Oueren, well Kompositioune vun dësem Kontinent net onbedéngt zum allgemenge Kanon gehéieren. Alt nees eng Kéier entdeckt een, wéi Musek Brécke schléit, wéi nei Klangfaarwen de Spektrum méi räich maachen. Aus där Perspektiv ass den Album "Yokuwela", deen d'Pianistin Silvia Belfiore erausbruecht huet, eng richteg Revelatioun, fënnt de Remy Franck.