arrow_back_ios
CD-Klassik
BariTenor
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
BariTenor ass eng Stëmmlag, déi virun allem an den Operen vum Gioacchino Rossini dacks virkënnt - eng Tëschenetapp tëschent dem Tenor an dem Bariton, ze soen een déiwen Tenor, deem een awer ouni Weideres nach Koloraturen an d'Partitur schreiwe kann. Den amerikaneschen Tenor Michael Spyres klëmmt op sengem neien Album an d'Roll vun engem Baritenor, schéi gläichméisseg verdeelt op béid Stëmmlagen, fënnt de Remy Franck.
Musek