CD-Klassik
Kammermusek aus Spuenien
Änlech wéi de Luigi Boccherini huet och säi Landsmann Gaetano Brunetti als Italieener grouss Karriär a Spuenie gemaach. Ënner sengem hispaniséierten Numm Cayetano Brunetti komponéiert hie ronn 50 Sträichquartetter. Eréischt 2009 goufen déi sechs Sträichquartetter vum Sevillaner José Maria Reynoso entdeckt, e Komponist, dee virun allem zu Salamanca gewierkt huet a fir d'Kathedral Sakralmusek komponéiert. De Quartett "La Academia de los Nocturnos" huet elo Musek vu Brunetti a Reynoso op Disk erausbruecht.