Panorama
Panorama
12 min
Et wier elo net dee richtegen Zäitpunkt fir eng Impfflicht anzeféieren, seet déi consultativ Mënscherechtskommissioun
An der Chamber ass de Mëtteg eng Debatt iwwer d'Impfflicht. D'LSAP huet nach keng definitiv Positioun annoncéiert
Dat verännert Naturschutzgesetz, mat ënner anerem méi haarde Strofe bei Verstéiss, gouf gëschter an der Chamber ugeholl
Lëtzebuerg ass d'Accord mat der Propos vun der Kommissioun fir eng Direktiv vun engem Mindeststeiersaz fir grouss multinational Entreprisen, esou d'Finanzministerin Yuriko Backes op hirer éischter Reunioun vun den EU-Finanzministeren zu Bréissel
De brittesche Premier Boris Johnson steet weider ënner Drock, ee Mësstrauensvott géint hie bei der konservativer Partei wier ëmmer méi warscheinlech, melle brittesch Medien
Den US Ausseminister Antony Blinken koum de Moie fir eng Krisereunioun an der ukrainescher Haaptstad Kiew
Den Handel mat Elfenbein ass an der EU vun elo u gréisstendeels verbueden
An den USA hu Fluggesellschafte gewarnt, de 5G kéint geféierlech sinn an Instrumenter an de Fligere stéieren, d'Operateure soten, de 5G géif elo bei verschiddene Flughäfen an den USA net lancéiert ginn