arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Wierk, zwou Opusnummeren
Mat senger Symphonie pathétique huet de P.I. Tschaikowsky musikalesch alles gesot. Esou ganz stëmmt dat net. Parallel zu der 6. Symphonie hat den Tschaikowsky nach eng aner Partitur um Schreifdësch leien, déi hien net méi ganz fäerdeg krut - säin drëtte Pianosconcerto, deen den 19. Januar 1895 uropgeféiert gouf.