CD-Klassik
Kondenséiert Concertoen
Mam bekannten Emperor-Concerto vum Ludwig van Beethoven verbënnt ee villes: e grousse Sinfonieorchester, en impressionante Klang an e virtuose Pianospart. Op d'mannst dëse leschte Punkt kritt een op der Pianistin Hanna Shybayeva hirer Opnam vun dësem Concerto gebueden. Anescht wéi am Original trëtt si allerdéngs net mat engem Sinfonieorchester op, mee mam Animato Quartet zesumme mam Kontrabassist Bas Vliegenthart.
Trotz dëser klenger Besetzung vum Vinzenz Lachner sengem Arrangement bleift de Charakter vun engem Concerto bestoen, mengt de Luc Boentges. Hien huet an dës nei Sortie eragelauschtert.