CD-Klassik
Null ass just d'Wierknummer
Datt den Anton Bruckner dacks net zefridde war mat senge Symphonien, ass gewosst. Iwwerdeems et vu verschiddene Wierker alt bis zu dräi verschidde Versioune gëtt, war de Komponist bei enger Symphonie aus dem Joer 1869 ganz radikal. Hien huet d'Partitur zeréckgezunn, net verëffentlecht a se als "ganz ungültig" deklaréiert. Dem Anton Bruckner seng "Nullte" gouf eréischt 1924 - fir den 100. Gebuertsdag vum Komponist - uropgeféiert. Fir den 200. Gebuertsdag vum Bruckner am Joer 2024 gehéiert se deemno an d'Intégrale, déi de Markus Poschner amgaang ass ze produzéieren.