Panorama
Panorama
12 min
An der Chamber gouf den zweeten Deel vun der Verfassungs-Revisioun iwwer d'Organisatioun vum Staat gestëmmt. Kritik gouf et bei der Debatt fir d'ADR
2020 goufe bal 2.000 Patiente wéinst enger Covid-19-Infektioun am Spidol behandelt. D'Duerchschnëtts-Käschte pro Patient an Hospitalisatioun louchen bei ronn 17.100 Euro
Covid-Aidë fir Secteuren, déi am stäerkste vun der Pandemie betraff sinn, wäerte progressiv erofgoen an dann am Juli auslafen. Dat hunn déi zoustänneg Ministeren ugekënnegt
Vum 7. Februar dëst Joer un ass de Gebrauch vum Liewensmëttel-Faarfstoff E 171 verbueden - mat enger Iwwergangsphas vu sechs Méint
Virum Hannergrond vu staarke Spannunge mat der NATO am Ukrain-Konflikt huet Russland eng nei Serie vu Militärmanövere lancéiert
Eng nei Revelatioun vun enger presuméierter Gebuertsdagsparty fir de Boris Johnson op 10 Downing Street wärend dem Lockdown verschäerfen den Drock op de brittesche Premier