CD-Klassik
E Komponist vu Guadeloupe
Et gëtt net vill Komponisten, déi och nach exzellent Fechter a grouss Athleete waren. De Joseph Boulogne, Chevalier de Saint-Georges ass ee vun hinnen, a grad seng Fechtkonscht huet him dacks gehollef, Zäiten ze iwwerbrécken, wou hien als Komponist a Geiist net konnt schaffen. Dat erkläert och, datt dem Saint-Georges seng Wierker gréisstendeels bannent just engem Joerzéngt publizéiert goufen - dorënner och déi fënnef Symphonies concertantes, déi den Orchester aus dem tschecheschen Pardubice elo erausbruecht huet.