arrow_back_ios
CD-Klassik
Scenes from Kalevala
headphones
13 min
Lauschteren
play_arrow
D'Kalevala ass eng Sammlung vu Geschichten aus der finnescher Mythologie, déi eréischt am 19. Joerhonnert opgrond vu mëndlecher Iwwerliwwerung zesummegestallt gouf. 50 Gesäng huet dës Sammlung, déi schëtzeg d'Roll vum finneschen Nationalepos iwwerholl huet. En etlech Komponisten hunn doranner Inspiratioun fonnt, an e kuerzen Abléck an d'Kalevala-Musek proposéiert deen neien Album vum Lahti Symphony Orchestra.
Musek