Klassik aktuell
Seng gréisste Roll war e Fluch
4 min
Et gëtt där Filmrollen, déi ginn Acteuren hiert Liewe laang bal net méi lass. Wien eng Kéier den James Bond gespillt huet, behält nach laang déi typesch Kennnummer 007. Net anescht ass et dem amerikaneschen Tenor Mario Lanza gaangen. Hien huet an engem fiktiv-biographesche Film den Enrico Caruso gespillt - a war um Enn fir vill Leit just nach de Caruso. De Mario Lanza hat all Krämpes säin eegent Liewen zeréckzekréien, dat den 31. Januar 1921 zu Philhadelphia ugefaangen hat.