Klassik aktuell
En Hommage fir den 350. Doudesdag
8 min
Kleine Geistliche Konzerte, Geistliche Chormusik an d'Symphoniae Sacrae: Och 350 Joer no sengem Doud sinn dës Sammlunge vum Heinrich Schütz ëmmer nach enger ganzer Rei Melomanen e Begrëff. Den Ensembel Ad Libitum, deen an der historescher Opféierungspraxis doheem ass, proposéiert e Freideg, den 11. Februar e Concert mat Extraiten aus dëse Zyklussen.
De Luc Boentges war bei enger vun deenen éischte Prouwen dobäi an huet mat den Museker iwwer de Programm an den Heinrich Schütz geschwat.