Klassik aktuell
"Croisement et transition"
9 min
2019 hu sech d'Geiistin Ryoko Yano, d'Cellistin Anik Schwall an d'Pianistin Zala Kravos als Trio zesummegedoen. Eng Rei Ëmstänn hunn et allerdéngs mat sech bruecht, datt den Trio eréischt zanter dem Summer, zanter senger Residenz am Trifolion zu Iechternach, richteg an d'Gäng kënnt an haut den Owend säin éischte grousse Rendez-vous huet: Den Trio Yano-Schwall-Kravos ass Invité an der Serie Camerata vun de Solistes Européens, Luxembourg.