arrow_back_ios
CD-Klassik
Chiaroscuro
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Déi dräi Komponiste Johannes Brahms, Robert Schumann a Clara Schumann waren enk befrënnt. Allen dräi ware si talentéiert Pianisten, an allen dräi hu si zudéifst romantesch Stécker geschriwwen. Op hirem gemeinsamen Album "Chiaroscuro" proposéieren de Pianist Josep Colom an d'Klarinettistin Ona Cardona Wierker vun dësen dräi Komponisten. Dobäi ënnersträiche si d'Gemeinsamkeeten a loossen d'Ënnerscheeder wéi Afierwunge wierken, mengt de Luc Boentges. Hien huet an dës nei Publikatioun eragelauschtert.
Musek