CD-Klassik
Typesch brittesch
Mat Klischeeë soll een a Moossen ëmgoen. Beim Eric Coates senger Musek passt et allerdéngs, wann ee se als typesch brittesch charakteriséiert. Et ass eng Musek mat vill Charme, Eleganz an deels brittesch festlechem Flair. Net fir näischt gëtt dem Eric Coates seng Musek nach haut bei der BBC dacks gespillt.
De Coates hat als Braatschist an Orchestermuseker ugefaangen, huet dunn awer d'Instrument aus gesondheetleche Grënn missen opginn a sech du ganz op d'Komponéiere konzentréiert. Et entsteet een enorme Fundus u Wierker an alle Genren a Stiler. Elo koum dee véierten Disk vun enger Coates-Rei eraus.