Klassik aktuell
Eng Cellistin mat villen Talenter
Mat der Suzuki-Method huet déi musikalesch Karriär vun der Sol Gabetta am Alter vun dräi Joer ugefaangen. Et war awer schëtzeg eriwwer mam Léieren duerch Nospillen. Mat aacht Joer geet et mam intensiven Cello-Unterrecht lass. D'Sol Gabetta entwéckelt sech fréi als exzellent Kënschtlerin, bei där dat intuitiivt Musizéieren aus der Kandheet bis haut bliwwen ass. Den Owend ass d'Sol Gabetta Solistin an engem Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Direktioun vum Jukka-Pekka Saraste.