Panorama
Panorama
11 min
Den däitsche Kanzler Olaf Scholz reest haut op Kiew fir Gespréicher iwwer d'Ukrain-Kris, hie soll muer de Vladimir Putin zu Moskau begéinen. An dësem Panorama: D'Andréck vun engem Lëtzebuerger, deen an der Ukrain lieft an den Ament och do bleiwe wëllt
De sougenannte Convoi de la Liberté ass ënnerwee op Bréissel. Honnert Gefierer, mat Leit, déi géint d'Corona-Mesurë wëlle protestéieren, wieren aus Frankräich a Richtung Belsch gestart, mellt RTBF
A Kanada, wou d'Camions-Protester ugefaangen hunn, huet d'Police dee gréisste Protest beim Grenziwwergang zu Windsor opgeléist
D'Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International kritiséiert d'Produzente vun de Corona-Impfstoffer: Si wiere just um Profit interesséiert
Zwee Méint virun de franséische Presidentschaftswalen huet déi riets-konservativ Kandidatin Valérie Pécresse gëschter zu Paräis hiren éischte grousse Meeting gehalen
Olympesch Wanterspiller Peking: Russesch Äiskonschtleeferin an Top-Favorittin Kamila Walijewa däerf, trotz positivem Dopping Test am Dezember, un der Eenzelkompetitioun deelhuelen