arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Donau so blau, so schön und blau"
Von der Donau bis zur Oder - et ass e Walzer vum Johann Strauss de Jong, dee kee méi kennt. D'Partitur ass verluer an och soss ginn et keng Spuere méi vun dësem Wierk. Zum Gléck huet de Johann Strauss nach en zweet Wierk ronderëm d'Donau geschriwwen. Dat ass haut do dergéint weltbekannt: "An der schönen blauen Donau", eng Kompositioun, déi haut (15.02.2022) viru genee 155 Joer uropgeféiert gouf.