Klassik aktuell
Eng Uropféierung Abseits vun de Museksmetropolen
Aacht Joer laang war de Franz Liszt reegelméisseg op der Rees. Wou hien decidéiert méi sesshaft ze ginn, entscheet hie sech net fir déi grouss Metropole Paräis, London, Wien oder Berlin, mee hie geet op Weimar. An dëser Stad, mat grad emol 12.000 Awunner, komponéiert de Franz Liszt e puer vu senge gréisste Wierker. Dorënner säin éischte Pianosconcerto, deen hien de 17. Februar 1855 am Weimarer Schlass uropféiert.