arrow_back_ios
CD-Klassik
Sechsmol en anere Bach
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Et ass bekannt, datt de Johann Sebastian Bach eng grouss Famill hat. Eng Rei vu senge Jongen, genee esou wéi och aner Familljememberen, ware genee esou wéi hire bekanntste Vertrieder, Museker. De Reinhard Goebel huet sech fir säin neien Disk mat de Berliner Barock Solisten sechs esou musikalesch Bachen erausgesicht. Den Titel vum Album ass dobäi Programm: "Symphonies of the Bach-Family".
Musek