CD-Klassik
Bünen- a Balletsmusek
Viru ronn 15 Joer huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg eng Partie Opname mat Musek vum Gabriel Pierné erausbruecht - Kammermusek, Oper an Orchesterwierker. Trotz der Qualitéit vun dësen Opname schéngt et weider Efforten ze brauchen, fir dem Komponist vu Metz seng Musek aus dem Schied vun Zäitgenosse wéi Debussy a Ravel erauszeféieren - Komponistekolleegen, deenen hir Wierker de Gabriel Pierné als Dirigent deels uropgeféiert huet. Elo gëtt et eng nei Produktioun mat zwou populäre Pierné-Partituren: "Ramuntcho" an "Cydalise et le Chèvre-pied".