CD-Klassik
De Frankenstein danzt
15 min
1818 publizéiert d'Mary Shelley mat "Frankenstein" ee vun deene populäerste brittesche Romaner - een Thema, dat iwwer d'Joerhonnerten näischt u Bedeitung verluer huet: de Mënsch reproduzéiert eng kënschtlech Versioun vu sech selwer a verléiert d'Kontroll iwwer dat nei Wiesen. 2016 huet deen amerikanesche Komponist Lowell Liebermann eng Balletsmusek op déi literaresch Virlag geschriwwen, déi elo op Disk erauskoum.