Klassik aktuell
Gioacchino Rossini
1792 gëtt zu Pesaro de spéider weltbekannte Komponist Rossini gebuer. Net als Gioacchino, wéi een hien haut kennt, mee als Giovacchino Rossini. Aus iergend engem Grond huet dem Rossini de "v" a sengem Numm net gefall, esou datt hien en einfach ëmmer ewech gelooss huet. An dat huet hien esou konsequent gemaach, datt och an der Musekswëssenschaft deen Numm benotzt gëtt, deen hie selwer gewielt huet. Dëst ass net déi eenzeg méi ongewéinlech Geschicht aus dem Komponist sengem Liewen, dee weder haut, nach muer, mee iergendwou dertëschent op engem 29. Februar virun 230 Joer gebuer gouf.