Nodeems d'Mailänner Scala an och d'Münchner Philharmoniker vum Dirigent Valery Gergiev verlaangt haten, sech géint de russesche President Vladimir Putin, mat deem de Gergiev déck Mann ass, an de Krich an der Ukrain ze positionéieren, wat net geschitt ass, goufen elo seng Engagementer gekënnegt. Dat betrëfft net just d'Münchner Philharmoniker, wou de Gergiev Chefdirigent war, mee Orchesteren, Concertshaiser a Festivallen a ganz Europa.
Out fir de Valery Gergiev
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow