Panorama
Panorama
12 min
Jean Asselborn: Wann d'Leit a Russland wësse géifen, wat de Wladimir Putin an der Ukrain mécht, géife si de Kreml stierzen, an et wier och dat Bescht, wat een dem Wladimir Putin kéint wënschen, datt hie physesch eliminéiert gëtt, esou den Ausseminister de Moien op eiser Antenn
De Wladimir Putin wier en Diktator, a misst de Präis bezuelen, soss géif hie weider Chaos verursaachen, dat sot den amerikanesche President Joe Biden a senger Ried zur Lag vun der Natioun
An der Ukrain goufe weider Kämpf an Attacken an ënner anerem der Stad Charkiw gemellt
An der Chamber hunn d'Fraktiounen a Parteien der Regierung hir Äntwert op déi russesch Invasioun an der Ukrain ënnerstëtzt. Bei de Waffeliwwerungen un d'Ukrain gouf et awer Nuancen
Déi europäesch Filial vun der gréisster russescher Sberbank ass um Enn
D'Pëtrolspräisser klamme weider wéinst dem Krich an der Ukrain, d'USA an aner Länner deblockéiere Reservë fir de Maart ze stabiliséieren