CD-Klassik
Vu melancholesch bis flippeg
11 min
De Messages Quartet spillt ganz gäre Wierker vu polnesche Komponisten, déi manner bekannt sinn oder där hir Wierker net dacks gespillt ginn. Fir säin neien Album huet de Quartett sech mat der Pianistin Julia Kociuban zesummegedoen, eng vun deene bekanntste polnesche Pianistinne vun hirer Generatioun. Op dësem CD interpretéieren déi fënnef Museker Wierker vun zwee polnesche Komponisten: der Grazyna Bacewicz an dem Aleksander Tansman. Et sinn all Emotiounen dobäi: vu lues a melancholesch bis flippeg a voller Freed. D'Marie Schockmel presentéiert déi nei Produktioun.