Klassik aktuell
Mat engem Kanon an de Kanon
Als Fils vun engem Wäinhändler hat de Johann Pachelbel sech net laang mat Drauwe beschäftegt. Hien hat eng kënschtleresch Oder a vill musikalescht Talent, wat aus dem Pachelbel ee vun deene bedeitendste Komponisten an Organisten an der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert gemaach hunn. Grouss Museker wéi den Dietrich Buxtehude an de J.S. Bach hu sech dat Eent oder Anert beim Pachelbel ofgekuckt. Haut ass seng Musek bal vergiess - bis op ee bestëmmte Kanon.