arrow_back_ios
Klassik aktuell
Mordgedanken an e Präis, deen hien net wollt
Hie geet op Paräis fir Medezin ze studéieren, gëtt awer Komponist. Wéi hien e Kompositiounsconcours gewënnt fir zwee Joer kënnen zu Roum ze liewen, wëllt hien net méi dohin. A wéi hie schlussendlech dach do ukoum, wëllt hien direkt nees zeréck op Paräis, fir do eng Persoun ëmzebréngen.
De Luc Boentges werft um 153. Doudesdag vum Komponist an Dirigent Hector Berlioz e Bléck op den turbulenten Ufank vu sengem Liewen als Museker.