Klassik aktuell
100.000 € fir Opnamen
De Kulturministère huet am Kader vun der Reform vu senger Subventiounspolitik eng nei finanziell Hëllef fir d'Realisatioun vun Audio-Opnamen an d'Liewe geruff. Domat gouf dee bis ewell übleche System iwwerschafft. D'Enveloppe besteet aus 100.000 € pro Joer an zweemol d'Joer kënne Museker:inne Projeten no engem Opruff erareechen.
Fir méi iwwer dës Aide an hire Kontext gewuer ze ginn, huet de Luc Boentges mam Joé Haas, dem Chargé de Mission fir d'Musek am Kulturministère geschwat.