Klassik aktuell
Eng Sinfonie zu véier
Dem Wolfgang Amadeus Mozart seng Sinfonien sinn net onbedéngt fir hir grouss Besetzunge bekannt. Am Verglach zu de grousse romantesche Wierker vu sengen Nofollger, loosse sech seng Orchesterkompositiounen dacks och mat engem méi klengen Ensembele realiséieren. D'Kammerata Luxembourg dreift dëst nach emol op d'Spëtzt a proposéiert dem Mozart seng bekannt 40. Sinfonie mat just véier Museker. Wéi dat funktionéiert a wat soss nach alles beim Concert e Sonndeg zu Buerglënster um Programm steet, doriwwer huet de Luc Boentges mam Flüttist Markus Brönnimann geschwat.