Klassik aktuell
E vun deene Beschten um Clavier
Am Joer 1786 trëtt de Muzio Clementi fir d'leschte Kéier als Pianist op. No senger aktiver Carrière komponéiert de Clementi a mécht sech vrun allem een Numm als Editeur vun de Wierker vun Zäitgenossen - mat Ausnahm vun Haydn a Mozart. Mam W.A. Mozart hat de Muzio Clementi eng ganz besonnesch Aventure. De. 10. Mäerz 1832 stierft de Pianist, Komponist an Editeur zu Evesham an England. D'Marie Schockmel erënnert un de Muzio Clementi an e ganz besonnescht Duell.