Klassik aktuell
"De Musikverein ass schonn eng aner Nummer..."
2013 produzéiert de Gast Waltzing - zesumme mat der Angélique Kidjo an dem Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - een Disque mat eegenen Arrangementer vu Lidder vun der Sängerin aus dem Benin. D'Produktioun kritt 2016 ee Grammy Award. Déi gemeinsam Zesummenaarbecht tëscht dem Gast Waltzing an der Angélique Kidjo ass an deene leschte Jore weidergaangen, an déi nächst Deeg stinn nees gemeinsam Concerten um Programm - ganz besonnesch muer Mëttwoch (16.3.2022) am Musikverein zu Wien.