CD-Klassik
Liewensfreed
12 min
2020 hu virun allem Solo-Kënschtler a Kammermusek-Ensembelen Diske produzéiert. Wéinst hirer Gréisst sinn den Orchesteren Opname méi schwéier gefall. Onméiglech wat et awer net. Mat all Kéiers zwee Meter Distanz tëschent aller MusekerInnen ass den neien Disk vun de Berliner Symphoniker ënner der Direktioun vun sengem neie Chefdirigent Hansjörg Schellenberger entstanen.
Dësen Album mam Titel "Lebensfreude" gouf elo publizéiert. Um Programm steet e Komponist, deen een üblecherweis net mat dësem Begrëff a Verbindung bréngt: De Franz Schubert. De Luc Boentges huet an dës nei Sortie era gelauschtert.