Klassik aktuell
"Die Schöpfung"
De Joseph Haydn huet sech eréischt spéit un den Oratorium gewot an um Enn vu sengem Liewen nach zwee weider Meeschterwierker geschriwwen: "Die Jahreszeiten" an "Die Schöpfung". "... ich wird auch in mein Leben keine so schöne Musik mehr hörn. Und wenn ich noch ein drei Stund länger hätt sitzen solln, so hätt's mich nicht gereut." , erënnert sech een Zäitgenossen un déi éischt Opféierung vun der "Schöpfung". De Chouer "Ambitus" sengt elo dem Haydn säin Oratorium iwwermuer Freideg (18.3.2022) zu Iechternach an e Sonndeg (20.3.2022) zu Mensder.