Klassik aktuell
Vu Bach bis Goldenberg
D'Akademiste vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg hunn e vollen Agenda: Niewent hirem Museksstudium hu si eng hallef Tâche am OPL, kréie Course vun OPL-Museker an assuréieren eng Rei Kammermusek-Concerten. All dëst mam Zil, no zwee Joer Akademie prett fir d'Beruffsliewen an engem Orchester ze sinn. En Donneschdeg steet deen nächste Concert vun der Akademie um Programm. Am Stater Conservatoire proposéieren déi siwe Membere Wierker ënnert anerem vum Zoltán Kodály, vum Antonín Dvořák a vum Johann Sebastian Bach.
De Luc Boentges huet mat Niall Brown, engem vun de Mentore vun der Orchesterakademie iwwer dëse Concert geschwat.