arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Raritéit
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
Den Albert Roussel ass net onbedéngt bekannt als Komponist vu liichter, schwongvoller Musek. Et ass éischter de Contraire. Seng Wierker sinn dacks harmonesch komplex, an op Referenzen u Volleksmusek, op pittoresk Elementer verzicht de Roussel ganz bewosst. An awer schreift en 1933 - 4 Joer viru sengem - Doud eng Opéra bouffe: Le Testament de la Tante Caroline, déi et elo fir d'éischt iwwerhaapt an enger CD-Opnam ze héiere gëtt.