Klassik aktuell
Komponéieren an enseignéieren
Liechtenstein muss sech géint en etlech Klischeeë wieren. Net duerzou gehéiert d'Musek, an dat obschonns e vun deene bedeitendste Komponisten a Pedagogen aus dem 19. Joerhonnert zu Vaduz op d'Welt komm ass: de Josef Gabriel Rheinberger. Schonn als jonke Borscht verschléit et de Rheinberger awer op München, wou en eng unerkannte Perséinlechkeet am Museksliewen ass. De Josef Gabriel Rheinberger gëtt de 17. März 1839 an der Haaptstad vum Fürstentum Liechtenstein gebuer.