arrow_back_ios
CD-Klassik
Musek fir Sträichorchester
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
Am Summer d'lescht Joer goufen d'Gewënner vun der siwenter Editioun vum Kompositiounsconcours "Sinfonietta per Sinfonietta" proklaméiert. De Jury huet keen éischte Präis attribuéiert. Den zweete Präis krut den Nikodem Kluczynski fir "Bridge over the Stix" - e Wierk fir Theremin an Orchester. Dës Kompositioun huet et net méi op d'Kompilatioun mat Gewënnerwierker vun dësem Concours gepackt, déi deen Ablack scho produzéiert war an elo erauskoum.